Fakarava

img_20161211_211346

Eise kuerze Vol vu Rangiroa op Fakarava war zimlech cool, well d’Sophie an de Yann hun dierfte ganz laang am Cockpit sëtzen; an Europa wier dat jo ondenkbar!

img_20161211_211320

img_20161211_211247

img_20161211_211220

Ech mengen vun alle Plazen wou mer a Polynesien waren, huet Fakarava eis bal am beschte gefall! No Rangiroa war ech e bësse skeptesch, ob eng ganz Woch op engem Atoll net awer ze laang géif gin fir d’Kanner a mech, well hei wollt den David oft tauche goen. Mee dat war definitiv net esou!

img_20161211_210852

Um Flughafen huet een eeleren, franséischen Här op eis gewaart an di éischt Impressioun vum Jacques war éierlech gesot net immens: Mumble, mumble, grumble, ech hun am Ufank guer näischt verstan an hu gemengt hie wär een ale Granzsak. Mee wann ee sech u seng schlecht Artikulatioun gewinnt hat, war hien eigentlech ganz ok an interessant, wann och speziell.

Fakarava ass deen zweetgréissten Atoll vu Polynesien an huet eng komesch rechteckeg Form. Zu Fakarava wunne mol keng 800 Leit. Touristesch ass et och hei nach net, obwuel dat am Gaangen ass sech lues ze änneren.img_20161211_204220 Et gëtt just e puer Pensiounen oder kleng Hotelen. Et gëtt eng Strooss vun 20km, déi an impeccablem Zoustand ass, sou wéi iwwerhaapt di ganz Insel (ganz anescht wéi zu Rangiroa), ee Genoss! D’Haiser sin all an der Rei, mat Beem voller Blummen am Gaart. Autoen gin et der net vill, d’Leit fuere mam Velo a ruffen ia orana a laache léif.

img_20161211_203857
D’Haaptstrooss – an di eenzeg richteg Strooss.

De Jacques huet eis fir d’éischt mat op Sight-seeing vum “Zentrum” geholl.

img_20161211_203514

Hei zu Fakarava kënnt d'Post natierlech net mat der Bréifdauw oder der Postkutsch, mee mam schnelke Fësch.
Hei zu Fakarava kënnt d’Post natierlech net mat der Bréifdauw oder der Postkutsch, mee mam schnelle Fësch.
img_20161211_203452
Kriminalitéit ass definitiv kee Probleem hei: Wann een eng stiicht, huet sécher iergendeen e gesinn a well all Mënsch sech kennt, weess ëmmer direkt di ganz Insel wien et war.
E Krëschtbeemchen à la Fakarava.
E Krëschtbeemchen à la Fakarava.

Ee klengen Hafen, ee Police-Büro an engem winzegen Container, eng Schoul, eng Kantinn, eng Mairie, eng Post, 2 Supermarchéën wou een neess erstaunlecherweis alles krut, 2 Kierchen, 2 centres de plongée an nach e puer Snacken a Restauranten wou een awer ni genee wosst wéini déi op wieren, well dat all Woch je nach Lust und Laune vum Besëtzer wiesselt. Du si mer bei de Relais Marama gefuer wou mer 2 Bungalowen fir 1 Woch gebucht haten. An do war et immens flott!

img_20161211_210753

Eis Bungalowen
Eis Bungalowen
Wéi mir do waren huet de Jacques säin 9. Bungalow opgeriicht, dee ganz traditionell mat Palmeblieder, déi soeziell geflecht gin, gedeckt gouf. D'Aarbechter hun zimlech lasng gebraucht, well si vill Béier-Pausen an där Hëtzt gebraucht hun. Bei det Aarbecht hu si traditionell tahitianesch Schnulzen gelauschtert an haart matgesongen. Wéi ech di hei Foto gemaach hun, ass grad eng méi schmasseg, tahitianesch Versioun vum "Akropolis adieu" gelaf! Genial!
Wéi mir do waren huet de Jacques säin 9. Bungalow opgeriicht, dee ganz traditionell gedeckt gouf, mat Palmeblieder, déi speziell geflecht gin. D’Aarbechter hun zimlech laang gebraucht, well si vill Béier-Pausen bei där Hëtzt gebraucht hun. Bei der Aarbecht hu si traditionell tahitianesch Schnulzen gelauschtert an haart matgesongen. Wéi ech di hei Foto gemaach hun, ass grad eng méi schmasseg, tahitianesch Versioun vum “Akropolis adieu” gelaf! Genial!

Eis 2 Bungalowen hun eraus op den Ozean gekuckt, Dag an Nuecht hu mer héiren d’Wellen donneren, déi sech um Riff gebrach hun. An eisem Haischen, wat ganz flott mat faarwegem Stoff un de Klapplueden dekoréiert war, war just ee Bett mat enger Moustiquaire an ee klengt Regal dran a soss näischt. Virun der Dir war eng kleng “porch” mat 2 Still. Kichen a Sanitär ware “commun”. Alles immens propper a ganz gutt an der Rei, grad sou wéi di faarweg Veloen déi eis zur Verfügung stoungen. Ausser eis waren net vill Leit do an di läscht Deeg ware mir souguer alleng.

Dem Jacques seng Kollektioun u Veloen. All Joer krut hien tatsächlech ee geklaut, deen hien da kuerz drop aus dem Mier fësche konnt goen, well de Velosdéif schéngt net ganz clever ze sin a versenkt seng gestuele Veloen ëmmer op där selwechter Plaz am Mier...
Dem Jacques seng Kollektioun u Veloen. All Joer kritt hien tatsächlech ee geklaut, deen hien da kuerz drop aus dem Mier fësche ka goen, well de Velosdéif schéngt net ganz clever ze sin a versenkt seng gestuele Veloen ëmmer op där selwechter Plaz am Mier…

img_20161211_210729

img_20161211_210555
Vue aus dem Haus
p1130352
Vue an d’Haus eran.

D’Kanner hun neess voller Begeeschterung de Lego op hirer klenger Terrass ausgebreet an een Zoo an dono d’Spillplaz vun Heischent gebaut. Si hate richteg gutt Plaz fir dobaussen ze spillen, am Schied vun de Palmen a Beem. D’Wieder war herrlech, di ganz Woch.

img_20161211_210613img_20161211_204104

Beim Relais Marama war ee geheimnisvollen ale Liichttuerm...
Beim Relais Marama war ee geheimnisvollen ale Liichttuerm…

img_20161211_203937

Den David war 4mol tauchen, hei ass een absolut Taucher-Paradis!

img_20161206_055059
Mana our dive master. He was very knowledgeable and very funny!

img_20161211_215930

img_20161206_055033

img_20161206_055239

DCIM100GOPROGOPR1058.JPG

img_20161206_055116

Mir hu profitéiert fir nach e bëssen ze léiren a soss hu mer genee dat gemaach wou mer Loscht drop hate. Mir si vill mam Velo gefuer an de Jacques huet eis op eng magesch Plaasch gefouert, wou mir ganz alleng waren. Do huet et wierklech ausgesinn wéi op enger Postkaart! Den Himmel knallblo mat e puer dekorative Wollécken, d’Mier transparent, Palmen a wäisse Sand, esou reng, dass ee wéi op Watt gaangen ass!

img_20161211_210445
Och op engem einsame Strand fënnt een ëmmer eppes ze din! De Yann ass am gaangen ee Kokosnoss-Kalenner ze bauen: Hie leet eng Kokosnoss fir all Dag, dee si nach mussen op der endloser Reess sin an dat Netz, wat hie fonnt huet, an deem normalerweis d’Pärelenausteren am Mier opgehaange gin…

img_20161211_210353

img_20161211_205659

img_20161211_203203

img_20161211_205744

img_20161211_203123

Mir sin 3mol dohinner zréck gaangen, hun eis Hängematt opgehaangen, gepicknickt a si schnorchele gaangen, well hei goufen et och nach di schéinste Korallen déi ech bis elo gesinn hun a mir hun all Kéier vill Fësch an zolitt Haifësch gesinn. Een Dram! Nuets hate mer all d’Diren an d’Klapplueden vun eisen Haisercher grouss opstoen an di douce Loft huet een zwar net wierklech ofgekillt, mee huet awer gutt gedoen. De Stärenhimmel war gigantesch. Aaah, ech komme guer net méi eraus aus dem Schwärmen….!

img_20161211_204728

img_20161211_210311
Bei eiser Lieblingsplaasch goufen et al Iwwerräschter vun éischten polynesesche Siedlungen.

img_20161211_210143

Bei all Schnorchel-Sortie hu mer Haifësch gesi gemittlech laanscht eis schwammen.
Bei all Schnorchel-Sortie hu mer Haifësch gesi gemittlech laanscht eis schwammen.

De Kanner huet et wuel ganz gutt do gefall, mee si hun nierwelaanscht awer d’Deeg gezielt bis mer heem gin… An op eemol waren et just nach 9 Deeg an et war Zäit Fakarava äddi ze soen an zréck op Tahiti ze fléien. Den David an ech ware schwermüteg a sin iwwerzeecht dass mer iergendengkéier zréck kommen (wann ech och mäin Tauchschäin an der Täsch hun!).

img_20161211_211818
Ee requin pointe noire.

 

img_20161211_204528

img_20161211_210123
Op sou Plazen gesäit een extra gutt, dass et wierklech ee schmuelen Atoll ass, deem seng Uewerfläch nëmme just aus ofgestuerwene Koralle besteet.

 

 

 

 

 

 

img_20161211_210959

img_20161211_210912

img_20161211_203815
Eise läschten Owend zu Fakarava… ?

 

Leave a Reply