
Bon, dat hei ass zwar lo net chronologesch, mee mir haten nach e puer Photoen vun eisem 2. Openthalt zu Hong Kong vum 15. bis den 18. September, wou mer 3 Nuechte geschlof hun, éier mer an den Nepal geflunn sin.


Een Dag ware mer ze Fouss ënnerwee mam Haaptzil den Tempel Man Mo zu Hong Kong Central. Leider war dësen Tempel vu baussen a vu bannen amgaange renovéiert ze gin, sou dass mer just ganz kuerz eragluusst hun…
Et war schrecklech waarm an d’Kanner hu relativ schnell kapituléiert, du sin ech zréck mat hinnen an den Hotel op Kowloon geschippert,


während den David weider op Entdeckungsreess war, notamment nach eemol ze Fouss erop op de Victoria Peak, wou hie gewaart huet bis et däischter war.




Deen Dag dono hate mer di gutt Iddi fir en Hop-on-hop-off-Bus ze huelen, ähnlech wéi déi, déi bei eis duerch d’Stad fueren. Mir hun neess d’Starferry bis op Hong Kong Central geholl a sin du kamoud an de Bus geklommen. Mir sin op Ocean Park gefouert gin, mat ënnerwee interessanten Explikatiounen a schwäbischem Deutsch 🙂
Ocean Park ass den Europapark am Groussen. Mir sin erausgeklommen an hun iwwerluecht ob mer an där Hëtzt sollen an di laang Schlaange stoe goen. Ech menge ganz Hong Kong war do, well et war Sonndeg. Gottseidank hu mer eis dogéint entscheed a sin neess an deen nächste Bus geklomm fir weider ze fueren, soss hätte mer nämlech vill verpasst!
D’Stroossen an d’Landschaften hun eis immens un d’Géigend rondrëm Nice, Saint-Tropez an och u Rio erënnert. Vill Kéiren, géi Stroossen a mediterranean Vegetatioun mat herrlechen Vuen op d’Mier. Ganz schéin!
Nächsten Arrêt wou mer rausgeklomme sin war Stanley. Do huet et eis ganz gutt gefall. D’Croisette vun Hong Kong. Et gin e puer kleng Gaassen wou ëmmer Maart ass. D’Verkeefer sin onopdringlech an et ass agreabel doduerch ze goen a sech uschmieren ze loossen.



Nächsten Halt fir eis Aberdeen. Vum Bus aus, ass een an ee klengt Boot ëmgeklommen, wou eng Madamm eis duerch den Hafen vun Aberdeen gefouert huet, dee virun allem fir seng vill Hausbooter a seng floating restaurants bekannt ass. D’Boma war virun 45 Joer schon eemol do gewiescht an hat eis Photoen dovu gewisen. Abee, et schéngt sech net sou vill geännert ze hun, de Restaurant ass nach ëmmer do a gesäit prachtvoll aus!






