North Island

20161030_081214
Herrlech approach op Auckland an engem fuschneien Airbus A350

Mir sin erstaunlech schnell duerch all d’Kontrollen um Flughafen zu Auckland komm, trotz eise verseuchten Biergschong.

D’Kerstin, eng ganz léif Madamm vu Wilderness, dem Camper-Verleih ass eis op de Flughafe siche komm. Si war eng Däitsch a war viru 16 Joer wéinst der Léift an Neiseeland ausgewandert an huet och bal keen Däitsch méi konnt. Mat hir hu mer all Formalitéiten erleedegt, si huet eis interessant Tipps und Tricks verroden a wat eis besonnesch gutt gefall huet, war, wéi onkomplizéiert dat alles war. Keng laang “Passt-nëmmen-op-” a Verbuedslëschten, mee au contraire, si sot si wieren bei Wilderness am frousten, wann d’Leit de Camper sou richteg verdreckst géifen zréck bréngen, “so we know you had fun!”.

Mir krute vun hinnen och 3 wäertvoll Bicher mat, mat ultra Geheimtipps fir sightseeing a mat wëllen campsites. Dofir hate mer eis d’Firma Wilderness eraus gesicht, well si eeben éischter d’Philosophie vum fräien campéiren, wat z. D. an Neiseeland nach méiglech ass, ënnerstëtzen. All Campervan dee “self-contained” ass, d.h. wou all knaschtegt Waasser vu Kichen, Dusch an Toilette opgefaange gëtt, dierf op deene meeschte Plazen freedom camping maachen. An dat war 100%eg di richteg Entscheedung fir eis!

Neiseeland huet eis op den 1. Bléck richteg begeeschtert! Mir hate Chance mam Wieder, d’Leit sin onkomplizéiert, interesséiert a ganz frëndlech. An alles ass sou schéin an der Rei an iergendwéi mat Léift gemaach an ënnerhalen. Di meeschten Haiser si Bungalowen mat Wellblechdaach an zimlech groussem Gaart ronderëm, dee perfekt geméint ass a wou de Moment di herrlechste Blummen an Hecken dra bléien, schliesslech ass Fréijoer. Ronderëm d’Stroossen bléien iwwerall Gënz a wëll Lupinien an alle Faarwen, et ass ee Genoss!!

img_20161031_063148

img_20161031_064126
Coromandel Biergketten am hannergrond

Mir hun eise Camper an Empfang geholl an ech sin am Ufank nach virsiichteg an ëmmer zevill no beim Trottoir, op der lénkser Stroossesäit, lass getuckert.

Mir hate just 4 Deeg op der Nordinsel firgesinn, éier mer mat der Fähr vu Wellington eriwwer op d’Südinsel géife fueren. Dat huet eis scho bal leed gedoen, well op der Nordinsel huet et mir virun allem, schon immens gutt gefall!

img_20161031_063614
Eis 1. Campplaz direkt beim Mier. Herrlecht Wieder! Flott dass mer och 4 Veloen dobäi haten!

Mee no eiser éischter Nuecht, op der Plage, net wäit vun Auckland ewech, war et lo ENDLECH ENDLECH ENDLECH ENDLECH ENDLECH sou wäit: De Yann hat bal ee ganzt Joer dovu geschwat a gedreemt, endlech war säi Gebuertsdag do!!!!!

20161031_184931
Happy birthday léiwe Yann-Yann! Alles Gutts fir deng 7 Joer!!!!
20161031_084306
Lego, Lego, Lego!!!

Mir si gemittlech d’Südinsel erof gecruised,  mat méi oder manner laangen Deeg am Auto, mat ville phantastesche Landschaften an ëmmer schéinen a rouegen Campplazen owes. Eise Camper war wierklech gemittlech a ganz gutt equipéiert a mir hun di grouss Fräiheet no deem éischter ustrengende China immens genoss!20161031_075905

 

p1110241
An de Gënz bléit op den Häng, iwwerall an Neiseeland…

img_20161101_083928

D’Géigend zwëschen Rotorua an Taupo ass berühmt fir hir geothermesch Aktivitéiten: Geysiren, sténkeg hot pools, a Blubber-Bulli…

 

p1100550
Matzen an der klenger Stad Rotorua spruddelt et, blubbert et a sténkt et iwwerall!

 

20161101_145534
Bääääh, watt dat mippst!!
img_20161103_054702
Mud pools!
p1100658
Owes op der 3. Campplaz: Eng Etappe-Course vun 30 Etappen! Den Dezimeter hat gewonnen, mee hie war gedoppt!
p1100968
D’Sophie fillt sech bal wéi doheem mat deem ville Gemäääähs hei!

img_20161103_054307

 

 

 

 

 

 

 

Nuecht am Stuerm beim héchste Vulkan vun der Nordinsel (2797m) Ruapehu
Nuecht am Stuerm beim héchste Vulkan vun der Nordinsel (2797m) Ruapehu
img_20161103_055016
Mars Rover oder sunrise beim Ruapehu? Roude vulkanesche Buedem + Liicht vum Sonnenopgang = kitscheg an net gephotoshoppt Photo

img_20161031_063509

img_20161103_054428
Mount Ruapehu
p1100982
Vive la Petite Reine!
p1110240
Wellington hat een aussergewéinlech schéine botanesche Gaart, wou ee mat sou engem Tram erop fuere kann. Hei hu mer eis e bëssen Zäit verdriwwen, bis et Zäit war d’Ferry ze huelen.

Mir si bisp1110034 op Wellington gefuer ganz an de Süden vun der Nordinsel. An 3 Stonne si mer mat der Fähr op d’Südinsel gefuer. D’Mier war roueg an d’Vue wonnerschéin!

p1110065

 

 

p1110085

D'arrivée zu Picton op der Südinsel
D’arrivée zu Picton op der Südinsel

Leave a Reply